Dat kënnt vum Sangen...
Um Jos Haupert geet et lass
Black and Yellow Block gëtt Gas
Well dat wësst der alleguer
Mär sinn de Progrès Nidderkuer.
Dat kënnt vum Sangen
Dat kënnt vum Sprangen
Dat kënnt vum Fussball spillen
Dat ass well mär den F.C. Progrès sinn!
Well mär den F.C. Progrès sinn!
BLACK AND YELLOW BLOCK ALLEZ!
Déi treiste Fans vu Lëtzebuerg fannt dir zu Nidderkuer
Mär stinn hannert dem Progrès, ob gewonnen, ob verluer
A wann de Match dann ugepaff gëtt, gi mär richteg Gas
Black and Yellow Block Allez!
Allez, allez, allez Progrès
Allez, allez, allez Progrès
Allez, allez, allez Progrès
Allez Progrès Nidderkuer !
All Sonnden um Jos Haupert an och auswärts si mär do
Mat Sangen a mat Trommelen si mär fir d’Stëmmung do
Mär feiren eise Progrès un, bis d’allerläscht Minutt
Black and Yellow Block Allez!
Haut ass ganz Nidderkuer beim Progrès!
Jo haut ass ganz Nidderkuer beim Progrès
Jo wéi soll dat och anescht sinn !
Wann um Jos Haupert Fussball ass
Da geet et richteg lass
Well da ganz Nidderkuer um Terrain ass!

Charta vum Black and Yellow Block
Artikel 1
Fussball ass eise Lieblingssport an e gehéiert eis alleguer. All Mënsch huet dat onageschränkte Recht fir bei dësem Sport ze participéieren, ouni Diskriminatiounen oder Aggressioune mussen ze erliewen an dat onofhängeg vu senger Origine, senger Nationalitéit, senger Religioun, sengem Geschlecht, senger sexueller Orientéierung oder sengem Handicap – sief et elo ee Spiller, ee Supporter, een Zuschauer, een Trainer, een Arbitter oder een Dirigeant vun engem Club.
De Member vum Black and Yellow Block (BYB) engagéiert sech dës fontamental Iddiën ze respektéieren.
Artikel 2
De Member vum BYB ass en Ambassadeur vu senger Stad a sengem Club, dem F.C. Progrès Nidderkuer, a verteidegt d’Werter vum Fussball duerch d’Beispillhaftegkeet vu sengem Verhalen.
Heen encouragéiert seng Equipe mat all de Mëttelen déi him duerch den BYB oder de Club zur Verfügung gestallt ginn a verzicht op den Asaz vu jeglecher Pyrotechnik (Bengalescht Feier, Knupperten,…) an dëst am respektvollen Ëmgang mat deenen aneren Zuschauer op dem Stadion, d’Supporteren an d’Equipe vum Géigner abegraff.
Artikel 3
De Member vum BYB mécht aus all Match een extra Moment an ee gesellegt Fest ouni d’Kontroll iwwert sech ze verléieren.
Heen ass bescheiden an der Victoire a respektabel an der Nidderlag.
De Member vum BYB akzeptéiert a respektéiert d’Decisioune vum Arbitter.
Artikel 4
De Member vum BYB refuséiert all Aktioun déi sengem Club, deem anere Club, der Sécherheet oder der ëffentlecher Ordnung schuede kéint.
Hee refuséiert all Form vu kierperlecher oder verbaler Gewalt an all Form vun Degradatioun virum, während an nom Match.

Charte du Black and Yellow Block
Article 1er
Le football est notre sport favori et il nous appartient à tous. Chaque être humain jouit du droit inaliénable de participer à ce sport sans subir de discriminations ou d’agressions et indépendamment de son origine, sa nationalité, sa religion, son sexe, son orientation sexuelle ou son handicap – qu’il s’agisse d’un joueur, d’un supporter, d’un spectateur, d’un entraîneur, d’un arbitre ou d’un dirigeant.
Le membre du Black and Yellow Block (BYB) s’engage à respecter ces idées fondamentales.
Article 2
Le membre du BYB est l’ambassadeur de sa ville et de son club, le F.C. Progrès Niederkorn, et défend les valeurs du football par l’exemplarité de son comportement.
Il encourage son équipe avec tous les moyens mis à sa disposition par le BYB et le club et refuse d’utiliser des engins pyrotechniques (feu de Bengale, pétards...) tout en respectant les autres spectateurs sur le stade y inclus les supporters et l’équipe adverses.
Article 3
Le membre du BYB fait de chaque rencontre sportive un moment privilégié et une fête conviviale tout en gardant la maîtrise de son comportement.
Il reste humble dans la victoire et digne dans la défaite.
Le membre du BYB accepte et respecte les décisions de l'arbitre.
Article 4
Le membre du BYB refuse à mener ou à participer à toute action qui nuirait à son club, au club adverse, à la sécurité et à l’ordre public.
Il refuse toute forme de violence physique ou verbale et toute dégradation avant, pendant et après les matchs.